
Knapp 6.000 dovu goufen ausbezuelt. Deemno krute ronn 7.000 Betriber e Refus. Grond dofir wier an der Haaptsaach, dass vill Betriber eng Demande gemaach haten, déi guer net eligibel dofir waren, well si am Prinzip net hu mussen zoumaachen. Dat präziséieren d'Ministeren Delles a Fayot an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Martine Hansen a Marc Spautz. Et wier nozevollzéien, dass sech quasi all Betrib fir dës Hëllef gemellt hätt, och wa vu virera kloer gewiescht wier, dass si d'Critèren am Fong net erfëllen. Méi spéit hätt een dowéinst eng weider Hëllef ugebueden, fir Betriber, déi duerch d'Kris substantiell Aboussen am Ëmsaz haten.