
Wéi d'Beamten an d'Rettungsdéngschter op d'Plaz koumen, huet sech effektiv erausgestallt, datt hei en Auto an e klenge Bësch gerode war. D'Analys vun de Spuren hunn erginn, datt de Chauffer mat sengem Gefier vun der Streck ofkoum, e puer Honnert Meter duerch e Feld gefuer ass an dunn an engem Stéck Bësch stoe bliwwen ass.
Den 58 Joer ale Lëtzebuerger ass nach op der Plaz gestuerwen.

De Parquet gouf informéiert an de Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op d'Plaz geruff. Weider gouf eng Obduktioun ordonnéiert.
Den Auto gouf ongeféier eng 300 Meter vun der Strooss ewech fonnt.