Um Site vun der Chamber5 nei Petitioune kënnen ënnerschriwwe ginn, nach bis den 23. Juli

RTL Lëtzebuerg
An den neiste Petitioune geet et ëm Ëmweltverschmotzung, Parken, Chargéeën, Licenciementer an eng nohalteg Relance-Politik.

D'Petitioune brauche jo 4.500 Signatairen, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat ka kommen.

Ee Petitionär fuerdert Mesuren a Strofen géint de Littering, also wann een muttwëlleg Knascht an d’Landschaft geheit.

En aneren hätt gär, dass wiertes an der Mëttesstonn, a samschdes de ganzen Dag d’Parke sollt gratis sinn bis Enn des Joers, fir esou de lokale Commerce séier ze ënnerstëtzen.

Eng weider Petitioun wëll dass et méi einfach soll ginn, fir Chargée am Lëtzebuerger Schoulsystem ze ginn.

Eng 4ert fuerdert e Virgoen géint Abusë vu Patrone beim Ëmgang mat Licenciementer.

An eng weider freet eng nohalteg Relance-Politik, déi och am Sënn vum Klima misst sinn.

Iwwersiicht

Pétition publique 1618: Facilitation à l'accession aux postes de chargés de cours dans l'enseignement public au Luxembourg

Pétition publique 1617: Stationnement gratuit de 12h00-14h00 pendant les jours ouvrables et les samedis dans tout le pays jusqu'à fin 2020 afin de relancer l'économie et le commerce local rapidement

Pétition publique 1616: Mesures contre le littering / Massnahmen gegen die Vermüllung

Pétition publique 1597: Cette pétition exige une politique de relance durable (« Just Recovery ») pour assurer un avenir équitable pour tous et protéger l'environnement à travers la réduction en urgence de nos émissions de CO2. English: This petition demands a Just Recovery that ensures an equitable future for everyone and protects the environment by urgently bringing down our CO2 emissions. Deutsch: Diese Petition fordert einen gerechten Wiederaufbau, der eine gerechte Zukunft für alle sichert und die Umwelt schützt, indem wir umgehen.

Pétition publique 1533: Pour éviter tout abus de la part des employeurs. Pour la transparence, la protection et le respect des salariés licenciés. Pour la vérité et la justice.

All d'Petitioune fënnt een op chd.lu.

Back to Top
CIM LOGO