Police5 Fürerschäiner agezunn an 1 provisorescht Fuerverbuet

RTL Lëtzebuerg
Dat ass de Bilan vun der Police, nodeems uechter d'Land e sëllegen Automobilisten negativ am Stroosseverkéier opgefall waren.
© RTL-Archiv

Géint 2.30 Auer war en Auto tëscht der Aire de Wasserbillig a Waasserbëlleg an enger Lénkskéier an en Accident verwéckelt. Et gouf kee blesséiert, ma den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

Géint 1.10 Auer gouf zu Rolleng en Automobilist gemellt, deen a Richtung Lëntgen ënnerwee war, dat mat 2 platte Pneuen an enger futtisser Luucht. De schëllege Chauffer hat 3 Gefierer beschiedegt, déi laanscht d'Strooss geparkt waren, grad ewéi och eng Stroumkëscht. Eng Policepatrull konnt de Chauffer stoppen an en Alkoholtest maachen, dee positiv ausgefall ass. De Fürerschäin war nach op der Plaz fort.

An der Stad an der Joseph-Junk-Strooss ass en Auto opgefall, bei deem de viischte Pare-choc iwwert de Buedem geschleeft gouf. An der Stroossbuerger Strooss konnt de Chauffer gestoppt ginn. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Fürerschäin gouf agezunn.

Schonn e Samschdegowend gouf géint 19.50 Auer e Camionschauffer gemellt, dee vun engem Parking op der A1 wollt an déi falsch Richtung op d'Autobunn fueren. Dat konnt zum Gléck verhënnert ginn. Et gouf och bei him eng Alkoholkontroll gemaach, an déi huet gewisen, dass en ze vill intus hat. De Fürerschäin war en deemno lass.
Kuerz virdru gouf zu Angelduerf an der Ettelbrécker Strooss en Automobilist gemellt, deen am ZickZack ënnerwee war. De Chauffer hat ze vill gedronk an huet och säi Fürerschäin mussen ofginn.

Da gouf et och nach eng Alkoholkontroll op Uerder vum Parquet, dat e Sonndeg tëscht 1.30 an 3 Auer zu Stroossen op der Arelerstrooss. 47 Automobiliste goufe kontrolléiert, a 4 Fäll war den Alkoholtest positiv an an engem Fall gouf de Fürerschäin direkt agezunn.

Back to Top
CIM LOGO