Drogen u Mannerjäreger verkaaft5 Dealer goufen am Raum Bieles, Péiteng a Réiden verhaft

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de 5. Oktober 2020 goufe 5 jonk Männer am Süde vum Land op Uerder vum Untersuchungsriichter verhaft.
© Police

D'Virwërf si schwéier, hinne gëtt nämlech Drogenhandel virgeheit, dat och a Verbindung mat Mannerjäregen. Déi 5 Täter sollen am Raum Péiteng, Bieles a Réiden operéiert hunn, heescht et am Police-Bulletin.

D'Ermëttlungen hunn am Virfeld iwwert e Joer gedauert, woubäi déi lescht 6 Méint méi Intensiv dru geschafft gouf.

No 3 Hausperquisitiounen an der Stad, sou wéi a Frankräich si positiv verlaf. Fonnt goufen iwwer 700 Gramm Drogen, Droge-Material, sou wéi e puer Dausend Euro.

Back to Top
CIM LOGO