
Am Lokale mellt de CGDIS ee Blesséierten, nodeems sech e Mëttwoch den Owend zu Uewerkuer en Auto an e Motorrad ze pake kruten. Tëscht Péiteng a Rodange gouf och eng Persoun verwonnt bei der Kollisioun tëscht engem Auto an engem Bus.
An op der N13 zu Fenneng war am fréien Owend e Cyclist vun engem Camion ugestouss a blesséiert ginn.
Kuerz virun 9 Auer en Donneschdeg de Moie krute sech an der Avenue de la Liberté en Auto an e Vëlo ze paken, 2 Persoune goufe blesséiert. Obwuel d'Automobilistin gebremst hat, konnt en Zesummestouss net verhënnert ginn. D'Fra um Vëlo ass géint de Parechoc gerannt an op de Capot geschleidert ginn, iert se dunn op de Buedem gefall ass. Béid Persoune koumen no enger Versuergung op der Plaz an d'Spidol.