
Zu Käerjeng op der Avenue de Luxembourg ass um 15:02 en Auto op engem Chantier accidentéiert, dobäi gouf eng Persoun blesséiert.
Zu Schuller op der Lonkecher Strooss sinn um 16:01 2 Autoen anenee gerannt, 2 Persoune goufe blesséiert.
Zu Bouneweg an der rue du Cimetière sinn um 16:44 e Bus an den Auto net laanschtenee komm, och hei goufen 2 Persoune blesséiert.
Um 10:47 huet iwwerdeems zu Munneref an den Thermalbieder eng Fassade gebrannt, hei ass kengem eppes geschitt.