CGDIS5 Accidenter mat all Kéier engem Blesséierten um Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, gouf et e Samschdeg tëscht 15 a 16 Auer 5 Accidenter uechter d'Land.
Accident tëscht Miersch an dem Rouscht.
Accident tëscht Miersch an dem Rouscht.
© Mobile-Repoter Klautjen

Tëschent Dummeldeng an dem Waldhaff waren 2 Autoen aneneegerannt, um Lampertsbierg an der Avenue Victor Hugo war et en Auto géint e Moto, tëschent Réid an Aassel ass en Auto an e Bam gerannt an och tëschent Miersch an dem Rouscht an zu Uewerkuer sinn all Kéier 2 Autoen net laanschtenee komm. Bei de verschiddenen Accidenter gouf all Kéier eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO