CGDIS4 Persoune bei Accidenter am Süde blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moien mellt de CGDIS direkt e puer Accidenter am Süde vum Land.
© RTL Archiv

Kuerz virun hallwer néng en Donneschdeg de Moien sinn direkt zwee Accidenter zu Esch geschitt. An der Rue Joseph Kieffer ass eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Hei waren d'Rettungsdéngschter vu Suessem an Esch op der Plaz.

Am Rond-point Rammerech koum et e puer Minutte méi spéit zu engem weideren Accident. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn. Op der Plaz waren de Samu souwéi d'Rettungsdéngschter vun Diddeleng, Esch a Suessem.

Géint 8.35 Auer ass een Automobilist op der A13 op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz accidentéiert, eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Hei waren d'Rettungsdéngschter aus der Stad, vun Uespelt a vu Beetebuerg souwéi de Samu geruff ginn.

Zu Éilereng an der Rue de Mondercange ass da kuerz virun zéng Auer een Auto an een Offallcontainer gerannt. Och hei gëtt et ee Blesséierten, dee vum Rettungsdéngscht vu Suessem versuergt gouf.

Back to Top
CIM LOGO