Etihad Airways 1. Kéier um Findel4 Direktvolle Lëtzebuerg-Abu-Dhabi all Woch

RTL Lëtzebuerg
D'Airline aus de Vereenegten Arabeschen Emirater verbënnt Lëtzebuerg véiermol d'Woch nonstop mat Abu Dhabi.
© Etihad Airways
Etihad Airways 1. Kéier um Findel: 4 Direktvolle Lëtzebuerg-Abu-Dhabi all Woch
D'Airline aus de Vereenegten Arabeschen Emirater verbënnt Lëtzebuerg véiermol d'Woch nonstop mat Abu Dhabi.

Déi éischt Maschinn vun Etihad Airways gouf e Mëttwoch um Findel mat enger Waasserfontän begréisst. Etihad ass domat déi éischt Airline aus dem Mëttleren Osten, déi Lëtzebuerg uflitt.

© Etihad Airways

D'Volle si méindes, mëttwochs, freides a sonndes. D'Airline setzt en Airbus A321LR an, deen nieft 144 Economy-Plazen och 14 Sëtzer an der Business Class an zwou First Suites bitt.

Déi nei Verbindung soll net nëmmen d'Rees an d'Haaptstad vun de Vereenegten Arabeschen Emirater vereinfachen, mee och den Zougang zu weideren Destinatiounen erméiglechen. Iwwer Abu Dhabi kënnen d'Passagéier ënner anerem op Bangkok, Tokyo, Sydney a Colombo weiderfléien.

De Generaldirekter vu lux-Airport, Alexander Flassak, huet sech erfreet gewisen iwwer déi nei Verbindung. Si géif net nëmmen de Leit aus Lëtzebuerg, mee och de Passagéier aus den Nopeschlänner eng direkt Verbindung mat Abu Dhabi an zousätzlech Reesoptiounen ubidden.

Bleift d'Fro vun der Sécherheet

Well d'Lag an der Golf Regioun ugespaant ass, huet jo d'Luxair hir Flich an d'Emirater verréckelt, Dubai fréistens op de 6. Februar 2027, déi nei Streck op Abu Dhabi bis Enn 2027.

Wéi schätzt Etihad d'Situatioun an? Derzou den Antonio Panariello, Etihad Head of Europe and UK: "Lëtzebuerg ass e wichtegen Hub aus finanzieller Siicht. Den haitege Fluch ass historesch, well et déi éischt Verbindung tëscht dem Mëttleren Osten a Lëtzebuerg ass. Mir si ganz frou. Mir hunn dësen Dag scho laang erwaart a freeën eis, datt et elo endlech esou wäit ass. De Fluch ass ganz gutt verlaf, a mir freeën eis op alles, wat nach kënnt."

Vum 29. Oktober u flitt Etihad dräimol an der Woch tëscht Abu Dhabi a Lëtzebuerg. Fir de Moment ass et déi eenzeg Direktverbindung an d'Emirater. Ob den Interêt bei de Passagéier grouss genuch ass, fir datt dës Streck och dauerhaft funktionéiert, wäert sech nach weisen.

An deem Kontext ass och um Mëttwoch den Owend eng Reportage am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO