Stater Geriicht4 Joer Prisong wéinst Brandstëftung zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Wéinst Brandstëftung gouf e Mann zu 4 Joer Prisong verurteelt. Donieft muss hien 3 Parties civillen am Ganze ronn 28.000 € Schuedenersatz.

De Mann hat sech wéinst zwee Fäll, am Mäerz/Abrëll 2018, zu Esch ze veräntweren. Fir d'éischt sollt hien nuets e Moto ugefaangen hunn, deen nieft enger Résidence stoung. D'Flamen haten op d’Isolatioun vun der Fassad iwwergegraff, soudass déi 10 Leit aus dem Appartementshaus hate missen evakuéiert ginn. An der Nuecht drop soll den Ugekloten dunn nach nobäi en Auto a Brand gestach hunn.

Back to Top
CIM LOGO