Geriicht4 Joer Prisong fir e Mann, dee seng Frëndin uerg geschloen hat

RTL Lëtzebuerg
Donieft gouf nach eng Geldstrof vu 700€ gesprach.

E Mann, dee virgehäit kritt hat, seng Frëndin méi wéi eng Kéier uerg geschloen ze hunn, gouf dowéinst en Donneschdeg am Nomëtten um Stater Geriicht zu enger Prisongsstrof vu 4 Joer, zwee dovu mat Sursis probatoire, verurteelt. Eng vun den Oploen ass déi, dass sech de Mann muss psychiatresch behandele loossen. Donieft gouf nach eng Geldstrof vu 700 € gesprach.

Am Mee soll hien op d'mannst eemol geziilt an de Bauch vun der Fra geschloen hunn, obwuel déi du schwanger war. Hie soll dee Moment och gesot hunn, hie géif maachen, dass si d'Kand verléiere géif, wat d'Fra am Prozess awer widderruff hat. Si an d'Kand am Bauch haten de Coup oder d'Coupen iwwerlieft.

Back to Top
CIM LOGO