Uechtert d'Land4 Blesséierter bei Accidenter en Dënschdeg de Mëtteg

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 12 Auer koum et zu engem Verkéiersaccident zu Mamer op der Areler Strooss. 1 Persoun gouf hei blesséiert.

Sur place waren d'Pompjeeë vu Bartreng a Mamer, wéi och d'Ambulanz vu Mamer.

Eng zweete Kéier hat et zu Gaasperech an der Rue Albert Einstein geknuppt. Och hei ass de Bilan 1 Blesséierten. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad waren am Asaz.

An der Stad koum et géint 12.57 Auer zu engem Verkéiersongléck an der Rue Bender. Blesséiert gouf hei 1 Persoun. D'Stater Pompjeeën an d'Mamer Ambulanz waren op der Plaz.

1 Blesséierten gouf et och bei engem Accident op der A13 a Richtung Péiteng. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Schëffleng an d'Escher Ambulanz a Pompjeeën.

E Méindeg am Nomëtteg gouf der Police en Accident zu Esch/Uelzecht an der Rue Mathias Koener gemellt. En Automobilist hat d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer a krut dobäi 4 stationéiert Autoen ze paken. De Chaufer koum fir eng Kontroll an d'Spidol. Well den Alkoholtest positiv ausgefall ass, gouf de Fuerer protokolléiert, krut de Fürerschäin awer net ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO