CGDIS4 Blesséierter bei 3 Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Motorradsaccident kuerz virun 1 Auer zu Rëmerschen an der Munnereferstrooss. Ee Motocyclist war hei mat senger Maschinn gefall.

Zwou Persoune goufe blesséiert, mellt um Freideg de Moien den 112.

Géint 22.30 Auer en Donneschdeg den Owend hate sech op der Rippweiler-Barrière Direktioun Räichel en Trakter an en Auto ze pake krut. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Ee Blesséierte gouf et och an engem Accident kuerz virun 20 Auer op der Areler Autobunn Direktioun Stad. Hei waren ee Camion an en Auto anenee gerannt.

Back to Top
CIM LOGO