
4 Stonnen huet d'Kontroll gedauert, dat vun 8-12 Auer, 20 Beamte waren un der Aktioun bedeelegt, 35 Verstéiss géint de Code la route goufe festgestallt.
20 Chauffeuren haten hir Pabeieren net an der Rei, dat dann 145€ an 2 Punkten ausmaachen, bei engem Auto war dann och d'Steiervignette net bezuelt ginn, hei koumen nach eemol 74 Euro dobäi.
Eng Motocyclistin war ouni gëltege Permis ënnerwee, op Uerder vum Parquet gouf de Moto saiséiert, d'Fra gouf protokolléiert.
Weider goufen et dann nach Verstéiss géint d'Virfaartsreegelen an an engem Fall war d'Plack vum Auto net an der Rei. An 11 Fäll goufen d'Steieren net fir d'Gefier bezuelt.