Net genuch Enseignanten an der Grondschoul. Dofir gouf d'lescht Joer eng nei legal Basis geschaaft, fir och ouni klasseschen Enseignantsdiplom, mä mat engem anere Bachelor, Schoul halen ze kënnen. Fir d'Rentrée goufen eng 230 sou genannt Quereinsteiger agestallt. Wou sinn déi Leit haut drun, déi zejoert déi éischt Formatioun matgemaach hunn a wéi vill nei Enseignantë ginn fir d'Rentrée dëst Joer agestallt.
Am Ganze gi fir d’Schoulrentrée 2019 320 Leit am Fondamental rekrutéiert, dorënner 137 Persounen mat engem fäerdege Schoulmeeschtesch-Diplom. Vun deenen aneren 183 huet awer och iwwert d’Halschent eng pädagogesch Ausbildung, respektiv sinn der och eng Rei mat engem Enseignantsdiplom dobäi, déi sech awer net "en rang utile" am Concours qualifizéiert hunn. De Rescht huet en anere Bachelor an engem Fach, dat mat de Missioune vum Schoulhalen am Fondamental zesummenhänkt.
Si all kréie vum 2. September u wärend zwou Woche quasi e Crash-Cours um IFEN, dee si op d’Rentrée virbereet. Am Laf vum Schouljoer stinn da parallel zum Schaffen, also Enseignéieren, weider 246 Stonne Formatioun um Programm. D’Quereinsteiger vun zejoert hunn dat schonn hannert sech.
De Gros vun de Leit, déi zejoert um Quereinsteiger-Programm deelgeholl hunn, kënnen deemno elo an d’fix Karriär vum Fonctionnaire instituteur eraklammen. Andeems se sech mat Succès dem Concours gestallt hunn, konnte se op e Posten an enger Klass an der Grondschoul affektéiert ginn.
De Bilan nom éischte Joer vum Quereinsteiger-Programm fält positiv aus, och wat d’Inhalter vun de Formatiounscoursen ubelaangt.
Nach bis 2023 sollen iwwert de Wee vun der 1-Jores-Formatioun um IFEN Leit, déi zwar net reng Sciences de l’éduction studéiert hunn, mee souzesoen e schoulnoe Bachelordiplom hunn, als Grondschoul-Enseignantë kënne rekrutéiert ginn.