Coronavirus zu Lëtzebuerg3 vun 3.645 Tester positiv, iwwer 100.000 Leit goufe bis elo getest

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhin onverännert bleift.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 3 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.055. Vun den Infizéierte sinn der 3.274 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 101.877 Tester gemaach. Vun en Donneschdeg op e Freideg ass dat eng Hausse vun 3.645 Tester, vun deene wéi gesot 3 positiv waren.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 27 aktiv Infektioune ginn an 3.918 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell si 16 (-2) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), kee Patient méi op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 941 (+1) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,750. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO