Régime vun den Avances remboursables3 staatlech Coronahëllefe gi bis den 31. Dezember verlängert

RTL Lëtzebuerg
Bis ewell goufen do méi wéi 2.000 Dossieren accordéiert an Héicht vun iwwer 160 Milliounen Euro.

Da ginn och déi staatlech garantéiert Prête bis d'Enn vum Joer verlängert. Hei goufe bis ewell 382 Prête guttgeheescht, dat an Héicht vun 176 Milliounen Euro.Da solle weider Investissementer gefërdert ginn. De Plaffong vun den Hëllefe pro Firma geet op 1,8 Milliounen erop. Bis ewell louch dee bei 800.000 Euro.Dës Zort Hëllef gouf bis ewell 219 Mol ugefrot. De Montant läit hei bei 63 Milliounen Euro. De Wirtschaftsministère huet dës Detailer e Freideg matgedeelt.D'Chamber huet en Donneschdeg de Feu Vert ginn.

État des lieux aperçu des aides COVID-19 am PDF

Back to Top
CIM LOGO