Alkoholkontroll an der Stad3 Persounen hunn hire Führerschäi missen ofginn

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet gouf et an der Nuecht op e Samschdeg eng Alkoholkontroll an der Stad.
© AFP

Am Ganzen hunn 139 Automobiliste bei der Alkoholkontroll an der Stad misse blosen. A 14 Fäll war den Test positiv. 3 Persounen kruten hire Führerschäin op der Plaz ofgeholl.

Zu Gréiwemaacher hunn d'Beamten an der Nuecht op e Samschdeg zwee opfälleg Autoe gestoppt. D'Chauffeure stoungen ënnert dem Afloss vun Alkohol. Den Test war dann och positiv, d'Gefierer goufen immobiliséiert an de Permis agezunn.

Och an der Stad, zu Diddeleng an zu Bäreldeng sinn Automobiliste gestoppt ginn, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten. D'Auto goufen och hei immobiliséiert an de Permis agezunn.

Back to Top
CIM LOGO