
D‘Feier, dat am Keller ugefaangen hat, hat sech schonn op e puer Stäck ausgebreet, wéi d‘Secouristen op d‘Plaz komm sinn. 3 Persounen, déi am Haus blockéiert waren, konnten mat Leederen gerett a mat der Ambulanz an d‘Spidol bruecht ginn. Géint 4.30 Auer e Samschdeg de Moie war d'Feier komplett geläscht. Op der Plaz waren 63 Pompjeeën aus 9 Asazzenteren, 3 Ambulanzen, genee ewéi de SAMU. D'Awunner vun der Residence goufe vun der Gemeng Déifferdeng relogéiert.
E weidert Feier an enger Residence gouf et dann e Freideg den Owend kuerz no 20 Auer zu Mäerzeg. Heibäi goufen zwou Persoune blesséiert. Am Asaz waren hei d‘Pompjeeë vu Mäerzeg, Viichten, Groussbus, Réiden an Dikrech, genee wéi d‘Ambulanz vun Ettelbréck.
Géint 20.30 Auer e Freideg sinn dann um Boulevard Charles de Gaulle zu Esch zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf hei blesséiert.