Verwaltungsgeriicht3 Persoune kréie Recht géintiwwer der Jonglënster Gemeng an dem Dan Kersch

RTL Lëtzebuerg
An hirem juristesche Sträit mat der Jonglënster Gemeng a mam viregten Inneminister hunn 3 Persounen an 1. Instanz um Verwaltungsgeriicht Recht kritt.
© AFP

Den Tribunal administratif huet nämlech eng Gemengendecisioun vu Januar 2018 an d'Ministeschzoustëmmung vun August vun deem Joer, fir hiren Terrain net an de Perimeter ze huelen, annuléiert. D'Leit hunn awer keng Indemnité de procédure zegutt, ma d'Gemeng an de Staat musse fifty/fifty fir d'Fraisen opkommen.

Verwaltungsgeriicht/Reportage Eric Ewald

An enger Sëtzung am Mee 2017 war de Jonglënster Gemengerot vum Schäfferot mat engem neie PAG befaasst ginn. Déi 3 Privatleit, déi eng Parzell um Gebitt vun der Gemeng hunn, haten am Juni vun deem Joer hir Objektiounen zum Projet d'aménagement général virbruecht.

De Gemengerot hat am Januar 2018 awer eestëmmeg decidéiert, de PAG unzehuelen a sou de Leit hirer Demande net nozekommen, fir hiren Terrain an eng „zone destinée à être urbanisée" eranzehuelen. D'Privatleit haten de Mount drop beim Inneminister reklaméiert, den Dan Kersch d'Decisioun vun der Gemeng awer am August vun deem Joer guttgeheescht. D'Leit waren am Dezember 2018 dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.

Déi 1. Riichter halen an hirem Urteel fest, dass de Persounen hir Parzell direkt un eng Zon HAB-1 grenzt an dass Terraine vis-à-vis vun de Leit hirem, wann net ganz, dann op d'mannst zum Deel a sou enger Zon leien. Dass hir Parzell net an eng HAB-1-Zon kéim, hat d'Gemeng mat der Existenz vu Biotope begrënnt. Och de Minister hat „contraintes environnementales" ugefouert. D'Presenz vu Biotope baséiert op Donnéeë vum Biotopekadaster, deen awer kee juristesche Wäert huet, sou d'Riichter. Et wär deemno falsch gewiescht, dass sech d'Gemeng an de Minister op d'Presenz vu Biotope beruff hätten, fir de Klassement vum Terrain an eng Zone constructible ze refuséieren. D'Argument, d'Klasséiere vun der Parzell an eng Zone constructible géif en „développement tentaculaire" no sech zéien, wär och zréckzeweisen. Den Terrain léich direkt nieft enger Zon HAB-1 - a wär domat erschloss - an och vis-à-vis vu Parzellen, déi wann net ganz, dann op d'mannst zum Deel a sou enger Zon leien. D'Privatleit wéilten och net, dass hire ganzen Terrain an de Perimeter kéim, wat effektiv en „développement tentaculaire" mat sech bruecht hätt, mä just en Deel dovun. D'Klasséieren dovu géif villméi zu engem „arrondissement du tissu urbain existant" féieren. Et wär net richteg, dass d'Gemeng an de Minister der Reklamatioun vun de Leit net nokoumen an deemno wären hir Decisiounen ze annuléieren.

Back to Top
CIM LOGO