Coup géint Kriminalitéit3 Persoune festgeholl, Drogen a Waffe séchergestallt

RTL Lëtzebuerg
No enger geziilten Drogekontroll op der Stater Gare goufen 3 Persoune verhaft an e sëllegen Drogen, Messeren an eng Schosswaff séchergestallt.

D'Kontroll war e Méindeg den 22. Juni op der Place de la Gare, grad ewéi op engem Quai op der Gare selwer. An der Suite vun där Kontroll gouf och nach en Haus am Süde vum Land duerchsicht.
Nieft Heroin, Kokain, Marihuana, Haschisch a Pëlle géint d'Péng, goufen och Messeren, eng Schosswaff a Munitioun séchergestallt.

3 Persoune goufe verhaft an hate Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO