Quo Vadis Biogas?3 Ministèren, eng Strategie ... een Accord?

Monique Kater
Et schéngt wéi wa se scho jorelaang därmoossen am Clinch wieren, dass e Versteesdemech oder eng gemeinsam Zukunftsplanung vu vir eran onméiglech ass.

Biogasvereenegung a Politik um Krichsfouss: déi eng si Gréng, déi aner schaffen an där Faarf – eens gouf ee sech bis elo trotzdem net! Firwat maache Biogasanlagen zou, wann d’Politik op där anerer Säit erkläert, de Secteur wier hir wichteg an et hätt een eng Zukunfts-Strategie? Nodeems d’Biogasvereenegung de leschte Freideg op eiser Antenn hiren Doleance fräie Laf gelooss huet, koum kuerz drop, d’Reaktioun vum Energieminister.

Turmes a Biogas/Reportage Monique Kater

Am Ministère wollt een d’Aussoe vum Vertrieder vun der Biogasvereenegung esou net stoeloossen: et hätt ee sech dach reegelméisseg gesinn a geschwat, a souwisou wier Biogas der Regierung net egal. Mir erënneren eis: de fréiere President vun der Biogasvereenegung hat der Politik Desintressi un der Biogasproduktioun virgeworf;  hire Secteur géif och als eenzege penaliséiert, sou d’Kritik vum Gast Welbes. Gast Welbes:

“Mir hunn e Produktiounszwang, dat heescht, mir mussen eng gewëssen Zomm produzéieren, fir de käschtendeckende Präis ze kréien. Wa mer dat net maachen, kréie mer eng Strof. 2010, 2012 ass op en Kéier eng politesch Decisioun geholl ginn, dass d’Landwirtschaft mam Biogas näischt méi um Hutt huet”

Claude Turmes:

“Wann ech haut eng nei Biogasanlag maachen, ass déi Iddi vum Seuil net méi dran! Well mer – an dat soll een als Politiker jo och léieren, aus Saachen, déi vläicht eng Kéier virun 10, 12 Joer gemaach gi sinn, an deemools gutt geduecht waren, sech herno an der Praxis als awer net esou gutt eraus gestallt hunn. Déi Strofen, déi deemools dra waren, déi sinn och net méi am neie System”

De Claude Turmes erkläert weider, dass Agrar-, Energie-, an Ëmweltministère haut zesummen un der Biogas-Zukunft schaffen. Wat geschitt zum Beispill mat deenen méi alen Anlagen? Deenen, déi scho 15, 20 Joer a Betrib sinn? Grad doriwwer géif diskutéiert, a genee an deem Kontext ass den Energieminister och formell: de Secteur bräicht eng nei Strategie.

“Am Corona-Pak, wou mer jo d’ganz Regierung ënnerstëtzt hunn, do hunn ech extra eng Moossnam dra gemat,  fir dass déi Biogasanlagen, déi virdrun no 20 Joer d’Méiglechkeet sollte kréien fir nei z’investéieren, dass déi no 15 Joer schonn dierfen an deen neie Regime kommen. Well et mir wichteg ass, dass mer méiglechst vill Baueren hunn, déi ebe Biogasanlage bauen a mam Minister Schneider ass eben eng vun de Saachen, déi mer elo diskutéiert hunn, wou mer soen: all Kéiers wann en neie Stall gebaut gëtt, wëlle mer eigentlech dass e biogas-ready ass”Biogas-Ready: Dat kléngt méi no nei, no jonk an no modern. Den Energieminister präziséiert dann awer dat hei:

“Gülle, Biogas ass wichteg...fir d’Energie, d’Waasser, den Naturschutz an natierlech och fir d’Klima.”

Déi 3 Ministère schéngen also e Plang ze hunn, fir de Biogas-Secteur...e gemeinsame Plang. An och wann dës Harmonie déi vun der Biogasvereenegung dierft iwwerraschen, si kréien, dem Claude Turmes no eng nei, enger besser Strategie virgestallt.

"Ech mengen, mir haten elo deelweis och aner Suerge mat Corona, mee se ass elo do. D’Biogasvereenegung kritt déi elo geschéckt an am Januar hu mer eng Reunioun mat hinnen an ech denken, dass mer da weiderfuere mam Biogas hei zu Lëtzebuerg. Ech si fir de Biogas, ech weess awer, dass mer an der Aart a Weis wéi mer de Biogas bis elo gefördert hunn, dass do eng Rei Schwächten dra waren – déi hu mer erkannt a mir versichen de System elo méi einfach a besser ze maachen.”

A priori kléngt dat hei net schlecht. Dass déi eng vu 16 Anlage schwätzen, déi iwwerlieft hunn, déi aner därer awer 24 zielen, ass am Endeffekt vläicht guer net esou wichteg.

PDF Bréif

Back to Top
CIM LOGO