
Direkt op 3 Plaze goufen de Weekend zu Lëtzebuerg Autoe geklaut, déi de sougenannte Keyless-System hunn.
E Méindeg de Moie gouf an der Lonkescher Strooss zu Rodange esou een Auto geklaut, dee virun der Dier vum Proprietär stoung. Et handelt sech heibäi ëm e groen Toyota Landcruiser mat der Plackennummer MR2207.
Och e Sonndeg gouf an der Nuecht e Keyless-Auto virun enger Wunneng um Briddel geklaut. Eng Fra hat bemierkt, wéi eng Persoun virun hirer Dier an den Auto geklommen ass an den Auto gestart huet, ma si huet gemengt, dass hire Mann den Auto réckele géif. Eréischt spéider huet si festgestallt, dass den Auto geklaut gouf. Hei dréit et sech ëm e bloe Lexus RX450H mat der Plackennummer RK5559.
De selwechte Modell gouf am der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg geklaut, dat zu Mamer an der Areler Strooss. De wäisse Lexus huet d'Plackennummer GR6351.
- Den Auto an der Garage parken, respektiv net virun der Dier
- Alarmanlag vum Haus ëmmer aktivéieren
- Schlësselen net an der Géigend vun der Entrée vum Haus deposéieren
- Dass Hacker net op d'Signaler vun der Keyless-Schlësselen zougräife kënnen, sollen dës Schlësselen am beschten an e speziellen Schlëssel-Safe ze leeën, deen Funkwellen ofschiermt
- De Schlëssel kann mat Aluminium-Folie ëmwéckelt oder an eng Aluminium-Bécks deposéiert ginn, dëst ass allerdéngs net zu 100% sécher
- Et soll een ëmmer opmierksam sinn, virun allem bei Opfällegkeeten an der Géigend vun der Chauffersdier vum Auto, zum Beispill kléngt Këschten um Schlass vun der Dier, Wallissen oder Rucksäck, an deenen déi Onéierlech Scanneren dra verstoppen
Méi Infoen ginn et um Site vun der Lëtzebuerger Police.
Es braucht nur zwei Autodiebe, einfache elektronische Geräte, die als Reichweitenverlängerer fungieren, sowie Schlüssel und Auto in der Nähe. Einer der Kriminellen muss nah am Autoschlüssel sein, um dessen Signal abzufangen und zum Empfangsgerät eines Komplizen weiterzuleiten, der sich direkt am Auto befindet. Diese Methode ermöglicht es, das Signal bis zu 100 Meter weiterzuleiten und funktioniert sogar wenn der Besitzer den Schlüssel in seiner Tasche aufbewahrt. Daraufhin lässt sich das Fahrzeug öffnen, der Motor wird gestartet und die Täter können so weit fahren, bis der Tank leer ist oder der Kontakt unterbrochen wird.