
3 jonk Männer, déi wuel ze vill gedronk haten, hu sech an engem Bus donieft beholl. An der Rue André Vésale huet de Buschauffer d'Leit opgefuerdert, aus dem Bus ze klammen. Wéi de Chauffer d'Kéier wollt maachen, stoungen déi 3 Männer an der Strooss an hunn de Bus gestoppt. Ee vun hinnen huet de Chauffer dunn duerch d'Fënster mat Pefferspray attackéiert. Déi 3 Täter hu sech an der Suite duerch d'Bascht gemaach. Eventuell Zeie kënne sech mellen ënnert der Nummer 244 40 1000.
Wéi d'Police weider mellt, krut e Jonken zu Esch e Freideg den Owend kuerz no 22 Auer vun 2 Erwuessene seng Schong am Wäert vun 800 Euro geklaut. De Jong huet misse buerféiss heem goen.
Zu Märel hu kuerz no 4 Auer an der Nuecht op e Samschdeg Leit, déi heem koumen, 2 Abriecher erwëscht. Déi 2 konnte sech aus dem Stëbs maachen.
An d'Police huet an der Nuecht op e Samschdeg eng Persoun gepëtzt, déi an der Stad op e puer Chantieren agebrach ass a Maschinne geklaut huet.
Iwwerdeems gouf e Freideg am Laf vum Dag an en Eefamilljenhaus zu Sëll agebrach.