
D'Keeler Pompjeeën an d'Ambulanz waren op der Plaz.
Géint 20.30 Auer dunn huet et zu Konsdref an der Rue Hicht gerabbelt, wéi 2 Autoen aneneegerannt waren. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Pompjeeë vu Konsdref an d'Ambulanz vu Jonglënster goufen an den Asaz geruff.
Géint 22.15 Auer ass zu Gaasperech um Boulevard de Kockelscheuer en Auto an eng Palissad gerannt. D'Stater Pompjeeën an Ambulanz hu sech ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.