
Kuerz no 6 Auer hat en Automobilist tëscht Lampech an Zolwer en Accident. Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz war den Asazzenter vu Monnerech an d'Ambulanz vun Esch.
Géint 7.30 Auer huet et op der Arelerstrooss zu Stengefort gerabbelt. Och hei gouf 1 Persoun blesséiert a koum mat der Stengeforter Ambulanz an d'Spidol. Den Asazzenter vu Stengefort war och op der Plaz.
Um 8.16 gëtt dann nach en Accident gemellt vun der RN01, Gréiwemaacher-Mäertert. Wéi bei den aneren 2 Accidenter gouf och hei eng Persoun blesséiert. D'Ambulanz an den Asazzenter vu Mäertert goufen op d'Plaz geruff.