
Géint 17.35 Auer krute sech zu Leideleng an der Lëtzebuerger Strooss 2 Ween ze paken. Eng Persoun gouf blesséiert.
Kuerz no 21 Auer war et eng weider Kollisioun tëscht 2 Ween op der Haaptstrooss op der Houschter-Déckt. Hei goufen 2 Persoune blesséiert.
Ee Blesséierten gouf et nach zu Märel an der Lonkescher Strooss. Och hei hate sech 2 Autoen ze pake kritt.
Géint 3.35 Auer gouf an der Uewerstad um Boulevard Jospeh II eng Persoun ugestouss a verwonnt.
Zweemol hat et awer och gebrannt. Kuerz virun 19 Auer war et e Kamäibrand zu Betzder an der Lëtzebuerger Strooss an um 10.15 Auer e Samschdeg de Moien hat et do nach emol gebrannt.