
3 Accidenter op eise Stroossen an ee falschen Alarm vun engem Feier an engem Haus, dat huet den 112 e Samschdeg de Moie gemellt. Um 17.30 Auer e Freideg den Owend hat et op der N7, tëscht Housen a Maarnech gerabbelt. Hei waren direkt 3 Autoen am Coup. Zwou Persoune goufe blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanze vun Housen a vu Wolz.
Um 21 Auer war zu Hollerech a Richtung Leideleng een Auto widder ee Luuchtepotto gerannt. Hei gouf et ee Blesséierten.
Um 6.30 Auer e Samschdeg de Moie war och nach een Auto tëscht Izeg a Contern an de Rampli geroden. Hei gouf eng Persoun verwonnt.
D'Pompjeeë vun Esch a Monnerech goufen dann e Freideg den Owend an d'Rue Clair-Chêne geruff. Do sollt et an engem Haus brennen. Wéi den 112 a sengem Bulletin schreift, hätt et sech hei ëm ee béiswëllegen Appell gehandelt.