CGDIS3 accidentéiert Gefierer mat 2 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt koum et en Donneschdeg de Moien zu zwee Accidenter an deenen am Ganzen dräi Autoen involvéiert waren an zwou Persoune blesséiert goufen.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

En Donneschdeg de Moie kuerz no 6 Auer ass um CR122 tëscht Amber a Buerglënster een Auto accidentéiert. Déi blesséiert Persoun gouf vum Rettungsdéngscht vu Jonglënster versuergt.

Géint 10.40 Auer koum et dann zu engem Accident tëscht zwee Gefierer an der Rue Auguste Charles zu Bouneweg. Eng Persoun gouf blesséiert. De Rettungsdéngscht aus der Stad war op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO