
En Dënschdeg tëscht 5 an 9 Auer moies huet d'Police zesumme mat der Douane eng Verkéierskontroll zu Mäertert duerchgefouert.
Dobäi goufen eng Rei Verstéiss registréiert: 3 Persoune sinn ouni Fürerschäi gefuer, bei 2 Gefierer war d'Steiervignette zanter iwwer 60 Deeg ofgelaf, 7 Automobilisten haten e Protokoll nach net bezuelt, bei engem Gefier hunn d'Pneuen net de gesetzleche Virschrëften entsprach an ee Chauffer gouf zum Beispill dobäi erwëscht, wéi hie wärend dem Fueren den Handy benotzt hat.
24 Polizisten an 9 Beamte vun der Douane waren op der Plaz.
