
Op Uerder vum Procureur waren en Donneschdeg tëscht 20.45 an 1.15 Auer Alkoholkontrollen an der Stad an der Beggener an an der Hollerecher Strooss, wéi och um Boulevard Patton.
226 Chaufferen hu misse blosen, 15 Mol war den Alkoholtest positiv. 4 Permise goufen nach op der Plaz agezunn.
Och soss am Land waren an der Nuecht op e Freideg e puer Vollerten ënnerwee.
Weider 3 Fürerschäiner huet d’Police agezunn, nodeems si duerch hiren eegewëllege Fuerstil opgefall waren.
Sou och ee Chauffeur, dee kuerz virun 21 Auer en Accident mat engem aneren Auto hat a selwer drop bestanen huet, dass d'Police kënnt. Wéi déi ukoum, huet se mat Hëllef vun engem Otemtest en däitlechen Alkoholkonsum beim Mann festgestallt, deen dunn domm a frech mat de Beamte ginn ass a weiderfuere wollt. Well e sech net wollt berouegen an eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum de Mann a Passage-Arrest.
Kuerz no Hallefnuecht ass eng Automobilistin an der Areler Strooss duerch hire séiere Fuerstil opgefall. Nodeems si bannent der Uertschaft e puer Auto iwwerholl hat a mat héijer Vitess duerch Stroossen gefuer ass, gouf si vun enger Patrull gestoppt. En Alkoholtest war entgéint hiren Aussoe positiv an d'Fra krut de Permis ewechgeholl.
Wéi d'Police mellt, goufen duerno nach 2 weider Chaufferen, een an der Stad an een op der N7 bei Branebuerg, wéinst Alkohol um Steier protokolléiert. Well d'Resultat ënner 1,2% louch, konnte si hire Fürerschäin halen.