Brasserie Nationale2020 war fir d'Depositairen an d'Brauereien e schwéiert Joer

RTL Lëtzebuerg
Et goufe grouss Baissë bei den Ëmsätz. Allerdéngs kucken déi Responsabel méi zouversiichtlech an d'Zukunft.
2020 war fir d'Depositairen an d'Brauereien e schwéiert Joer
Et goufe grouss Baissë bei den Ëmsätz. Allerdéngs kucken déi Responsabel méi zouversiichtlech an d'Zukunft.

An der Vergaangenheet waren déi Responsabel vun der Brasserie Nationale houfreg, fir hire Bilan kënnen ze presentéieren, abee dëst Joer ass och fir si alles anescht. Si schwätzen dës Kéier vun engem katastrophale Joer mat grousse Perten.

Den Ëmsaz goung ëm 18 Prozent zeréck op 8,9 Milliounen Euro, d'Resultat viru Steieren an Ofschreiwunge läit nach bei 2,1 Milliounen. Dat si knapp 40 Prozent manner wéi dat Joer virdrun.

D'Brasserie Nationale mat hire Marke Bofferding, Battin, Funck-Bricher an dem Mineralwaasser Lodyss huet am Ganzen 138.000 Hektoliter Gedrénks produzéiert. De Gros dovunner natierlech Béier. Dat ware bësse méi wéi 110.000 Hektoliter an dat ass am Verglach mam Joer virdrun och eng däitlech Baisse.

De Generaldirekter vun der Brasserie Nationale Frédéric de Radiguès: "2019 hu mer 157.000 Hektoliter, dëst Joer waren et der 47.000 manner. Haaptsächlech Fässer. Dat hänkt mat der Fermeture vum Horeca-Secteur zesummen an domadder, datt et keng Aktivitéiten am Event-Secteur ginn."

Wärend dem éischte Lockdown huet d'Brasserie Nationale 10.000 Fässer Béier aus Caféen a Restauranten zeréckgeholl, well se ofgelaf waren oder kuerz virdru waren. Fir den aktuelle Confinement gëtt souguer mat 20.000 Fässer gerechent.
Also Béier, dee muss ewech geschott ginn.

Och wa Privatleit méi an de Supermarchéen akaaft hunn, geet dat ënnert dem Stréch bei Wäitem net duer, bedauert de Frédéric de Radiguès.

"An de Supermarchéë wéi Cactus an Delhaize hu mer effektiv gesinn, datt mer 20 Prozent méi verkaaft hunn, leider geet dat awer guer net duer, fir d'Perten aus dem Horesca-Secteur ze kompenséieren."

Fir dëst Joer ass ee virsiichteg a wéi op ville Plazen dominéiert d'Hoffnung:

"Mir hate gehofft, datt d'Situatioun sech duerch d'Impfung relativ séier géif verbesseren. Mir zielen op eng Reouverture Enn Mäerz, och wa mer keng genee Informatiounen hunn. Et ass eng Hypothees. Mir hoffen, datt sech d'Situatioun da wärend dem Summer erëm normaliséiert."

Besser gelaf ass et beim Waasser, dat Brasserie Nationale am Mäerz op de Maart bruecht huet. Iwwer dat ganzt Joer gekuckt, mécht dat e Fënneftel vun der Produktioun aus an ass en zweet Standbeen, nieft dem Béier.

Back to Top
CIM LOGO