Rapport 2020 vun der Lëtzebuerger Police2020 goufen 1.390 Führerschäiner agezunn, 80% dovunner wéinst Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
D'Abréch ware mat knapp 1.100 am Joer 2020 ëm 23% an der Baisse. 2020 sinn dofir awer d'Gewalt am Stot, d'Klaue vu Gefierer an d'Infraktioune geklommen.
© Police

Zejoert huet d'Police 1.390 Führerschäiner agezunn. 20% wéinst ze héijer Vitesse, 80% wéinst Alkohol um Steier. D'Infraktiounen, Delikter a Crimme sinn ëm 3,5% an d'Luucht gaangen op iwwer 40.000 Fäll.

D'Abréch dogéint, ware mat knapp 1.100 ëm 23% an der Baisse. Bei geklaute Gefierer war et dogéint e staarke Plus vun 20% op 2.200 Fäll. Et goufe 420 Fäll vu Klaue mat Gewalt. D'Gewalt am Stot ass och ëm 11% wärend dem Pandemie-Joer "2020" geklommen, dat op 943 gemellte Fäll.

Iwwer 4.600 Infraktiounen haten eppes mat Drogen ze dinn, ee Plus vun 9%.

D'Police krut am Ganze 57% vun allen Affären opgeléist.

Bei de Covid-Kontrollen goufen et der 2020 ronn 17.000 Stéck, hei gouf jo virun allem gekuckt, op Persounen sech un d'Mesuren an d'Ausgansspär gehalen hunn,  respektiv op d'Geschäfter an d'Gastronomie déi neideg sanitär Richtlinne respektéieren.

Iwwert d'Joer gekuckt goufen dann nach 131.000 Appels d'urgences an den Centrale bei der Police registréiert.

De komplette Rapport d'activité 2020 vun der Police gëtt et hei!

Back to Top
CIM LOGO