Äntwert op parlamentaresch Fro2019 sinn d'Leit an der Moyenne mat 61,3 Joer an d'Pensioun gaangen

RTL Lëtzebuerg
Eng parlamentaresch Fro huet sech mam Thema Pensiounen hei am Land befaasst.
© AFP Archivbild

Mat wéi vill Joer ginn d'Leit zu Lëtzebuerg an d'Pensioun?

2019 louch d'Moyenne bei 61,3 Joer. En Drëttel vun de Fraen, déi 2019 d'Pensioun krute ware 65 Joer al. Manner wéi 15% kruten d'Rent mat 57, bei de Männer sinn et souguer manner wéi 10%.

9.667 Leit krute wärend dem Joer 2019 hir éischt Pensioun. Dorënner sinn 898 Persounen, déi eng Invaliderent bezéien. 1.688 Leit kruten eng éischte Kéier eng Pensioun well de Conjoint gestuerwen ass.

Dës Zuelen deelt den LSAP-Sozialminister Romain Schneider sengem Parteikolleeg Claude Haagen mat, deen eng parlamentaresch Fro zum Sujet gestallt hat.

Eng weider Ausso vum Minister war nach déi, datt d'Eropsetze vum Alter vun der Schoulflicht keen Impakt op de legale Pensiounsalter huet.

PDF: Parlamentaresch Fro vum Claude Haagen an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO