
Iwwer 200 Mol gouf d'lescht Joer de Service "Fro no" vum Centre de prévention des toxicomanies, kuerz CePT, kontaktéiert. An 90 Fäll goung et drëms fir Informatiounsmaterial, wéi Broschüren oder Deplianten, déi aner Leit hunn sech gemellt, well se Froen iwwer Drogen an Ofhängegkeet haten. Dat geet aus dem Joresrapport vum CePT ervir.