
Aktuell sinn 66 Persounen hospitaliséiert, dovunner 12 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 2.696 aktiv Infektiounen an 48.949 Persoune gëllen als geheelt.
E Dënschdeg kruten 138 Persounen hir 1. Dosis gesprëtzt, 376 Leit kruten hir 2. Dosis gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 18.653 Dosissen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.