Coronavirus zu Lëtzebuerg2 weider Persoune gestuerwen, vun 11.449 Tester waren der 200 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 604 läit.

Aktuell sinn 63 Persounen hospitaliséiert, dovunner 13 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.622 aktiv Infektiounen an 49.166 Persoune gëllen als geheelt.

E Mëttwoch kruten 828 Persounen hir 1. Dosis gesprëtzt, 445 Leit kruten hir 2. Dosis gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 19.923 Dosissen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO