
E Mëttwoch de Mëtteg sinn der Police suspekt Persounen zu Maarnech gemellt ginn, déi verdächtegt ginn, e puer Mol an engem Buttek geklaut ze hunn. Ee Verdächtegen, deen op der Plaz konnt ugetraff ginn, ass op Uerder vum Parquet festgeholl ginn. De Mann koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter, deen e Mandat d'arrêt ausgeschwat huet.
Géint 18 Auer e Mëttwoch den Owend konnt d'Police zu Bouneweg ee presuméierten Täter ermëttelen, deen am Nomëtteg an ee Wunngebai zu Bouneweg agebrach war. Op Uerder vum Parquet ass de Verdächtege festgeholl ginn an ass en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter komm.