Am Lokalen2 Permisen agezu wéinst Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Police direkt 2 Mol missen intervenéieren, well Automobilisten ze déif an d'Glas gekuckt haten.
© RTL-Archiv

Kuerz virun 18 Auer krut d'Police e Gefier zu Jonglënster gemellt. Den Alkoholtest ass beim Chauffer positiv ausgefall. Hie krut de Fürerschäin ewechgeholl.

Géint Hallefnuecht ass zu Stroossen en Automobilist duerch säi Fuerstil opgefall. Och hei war ze vill Alkohol am Spill. De Permis war nach op der Plaz fort.

Back to Top
CIM LOGO