Mann K.O. geschloen2 Männer a Grupp Jugendlecher zu Rombech-Maartel uneneegeroden

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg si géint 2.40 Auer 2 Männer an e Grupp Jugendlecher op enger Bensinsstatioun zu Rombech-Maartel uneneegeroden.
© Pixabay

Béid Parteien haten ze déif an d'Glas gekuckt a hu sech géigesäiteg provozéiert. An zwar därmoossen, dass ee Mann an ee Jugendlechen doropshin ugefaang hu sech bannen an der Bensinsstatioun an der Areler Strooss ze zerschloen. Dobäi gouf och Wuer beschiedegt.

Um Enn louch de Mann K.O. um Buedem an déi Jugendlech hu sech duerch d'Bascht gemaach.

D'Affer koum an d'Spidol an huet do och missen iwwer Nuecht bleiwen. Et gouf eng Plainte gemaach.

Och an der Stad

En Donneschdeg den Owend géint 19.30 Auer goufen an der Stad 2 Jugendlecher vun enger Grupp vun 10 bis 15 jonke Männer ugegraff an iwwerfall. Béid Affer goufen op de Buedem geheit, woubäi ee vun hinnen nach an d'Gesiicht geschloe gouf.

6 Kläpper huet d'Police no enger Sichaktioun konnten untreffen, op déi d'Täterbeschreiwung deels gepasst huet. Ënner hinne war och deen, dee beim Iwwerfall handgräiflech gi war.

Dem Affer säi Portmonni gouf fonnt an et gouf e Protokoll ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO