
Virun allem gouf gekuckt, ob de CovidCheck-System am Horeca-Beräich a bei soss Evenementer respektéiert gëtt. An der Stad goufen an zwee Lokaler Verstéiss constatéiert. Hei gouf e Rapport un déi zoustänneg Autoritéite weidergeleet. Eenzelpersounen, déi géint déi sanitär Bestëmmunge verstouss hunn, kruten eng Amende.