Zeienopruff2 jonk Männer menacéieren Affer mat Messer a klauen Tablet-PC

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass dësen Iwwerfall e Mëttwoch géint 13 Auer beim Rond-point an der Route de Larochette zu Dikrech, net wäit vun der ëffentlecher Schwämm.
© RTL

D'Täter, déi tëscht 15-16 Joer al waren, hunn d'Affer mat engem Messer menacéiert an opgefuerdert hinne säi Rucksak mat engem Tablet-PC dran ze ginn. Béid Jugendlecher hu franséisch geschwat. Doropshi sinn d'Täter a Richtung "Roud Bréck" geflücht, wou d'Affer kuerz Zäit drop dann och an der Géigend säi Rucksak, allerdéngs ouni Tablet, erëmfonnt huet.

Alleguerten d'Informatioune vun Zeien, déi mat deem dote Fall eppes ze dinn hunn, si fir d'Police vun Dikrech a Veianen, dat iwwer Telefon (+352 244801000) oder per E-Mail (police.diekirchvianden@police.etat.lu).

Hei d'Beschreiwung vun der Police vun den Täter

Beschreibung der Tatverdächtigen:
1) zw. 15-16 Jahren, von südländischem Typ, 1,60-1,70cm, braune Augen, ganz in Schwarz gekleidet, trug einen Kapuzenpullover und eine schwarze Maske.

2) zw. 15-16 Jahren, von südländischem Typ, 1,60-1,70cm, ganz in Schwarz gekleidet, trug einen Kapuzenpullover und eine schwarze Maske. Hatte das Gesicht bedeckt

Back to Top
CIM LOGO