
Zu Wickreng hat en Aenzeie géint 18 Auer gemellt, dass en Automobilist nawell zimmlech geféierlech ënnerwee wier. Bei der Kontroll vum Chauffer gouf festgestallt, dass en méi intus hat, wéi erlaabt. De Führerschäin gouf agezunn an den Auto immobiliséiert.
Zu Esch huet um 3 Auer e Samschdeg de Moien eng Policepatrull en Automobilist wéinst der Ausgangsspär kontrolléiert. Heibäi ass hinnen den Alkoholfändel opgefall an et gouf en Otemtest gemaach. Dee war positiv. Et gouf e Protokoll dofir an de Führerschäin gouf agezunn, dobäi kënnt dann nach e Protokoll, well sech net un d'Ausgangsspär gehale gouf.