
Wéi d'Police um Sonndeg de Moie mellt, wier en Automobilist, deen op der N31 a Richtung Käerjeng ënnerwee war, wuel kuerz virun der Unterführung ënnert dem Rond-point Biff op d'Géigespuer geroden, an ass do frontal mat engem Auto kollidéiert, deen entgéint koum.
Eng 22 Joer jonk Automobilistin aus Frankräich ass nach op der Plaz un hiren uerge Blessure gestuerwen. Och fir 40 Joer alen Awunner vun Diddeleng sollt all Hëllef ze spéit kommen.
Well de Chauffer vum Gefier, deen a Richtung Käerjeng ënnerwee war, ënnert Alkoholafloss stoung, gouf hien op Uerder vum Parquet verhaft.
D'Streck war bis ongeféier 12 Auer e Sonndeg fir den Trafic gespaart.
De Samu aus der Stad an deen aus dem Süde waren am Asaz, grad ewéi 2 Ambulanze vun Esch an d'Pompjeeë vu Käerjeng, Péiteng a Suessem-Déifferdeng.
Kuerz no 3 Auer ass en Auto um Belval zu Esch accidentéiert. Hei mellt de CGDIS 3 méi liicht blesséiert Persounen. D'Pompjeeë vu Monnerech an d'Stater Ambulanz waren op der Plaz.