
Portugal ass jo aktuell besonnesch staark vum Covid getraff.
Lëtzebuerg schéckt Verstäerkung a Portugal - wéi d'Regierung e Freideg den Owend an engem Communiqué matgedeelt huet, mécht sech e Sonndeg de Moien eng Ekipp vun engem Dokter an enger Infirmière op de Wee op Evora. Si sollen do 2 Woche laang Covid-Patienten am Spidol behandelen. Viraussiichtlech den 20. Februar soll dann eng 2. Ekipp a Portugal fléien. Aus Frankräich sinn et een Dokter an zwee Leit Fleegepersonal.
Portugal hat schonn Ënnerstëtzung aus Däitschland acceptéiert. 26 Dokteren an Infirmiere waren dat.