Am Lokalen2 Bränn um Mëttwochowend an een Accident mat engem Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Ee liicht Blesséierten gouf et e Mëttwoch géint 22 Auer bei engem Autosaccident tëscht der Hierheck an dem Katrewang.
Police 2017
Police 2017
© RTL Archivbild

D’Secouriste vun Alebësch a Wolz waren am Asaz. De CGDIS mellt dann och nach e Kichebrand géint 19.20 Auer zu Munneref. Do blouf et beim Materialschued. Direkt 5 Pompjeescorpsen waren awer gefuerdert, nämlech déi vu Munneref, Réimech, Uespelt, Duelem an Diddeleng.

Géint 20.15 Auer huet zu Iechternach an der Rue des Remparts eng Poubelle gebrannt.

Back to Top
CIM LOGO