CGDIS2 Blesséierter bei Accident zu Biissen

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale huet et géint 22 Auer e Méindeg zu Biissen gerabbelt. Eng Persoun huet mussen aus dem Auto befreit ginn. Eng aner gouf just liicht blesséiert.
© Klautjen

Wéi d'Police präziséiert, déi Persoun, déi aus dem Gefier huet misse befreit ginn, e Fuerverbuet hat an donieft alkoholiséiert war. D'Pompjeeë vun Miersch a Biissen, de Samu an 2 Ambulanze waren op der Plaz.

Um 18 an 19.30 Auer e Méindeg den Owend hat et 2 mol an der Stad gerabbelt. Eng Kéier op der Polvermillen an eng Kéier am Rollengergronn. Béid Kéiere gouf eng Persoun blesséiert.

Am fréien Owend gouf et och e Verkéiersaccident zu Drénkelt a Richtung Wilwerdang. Och do mellt de CGDIS ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO