Am Lokalen2 Autosbränn an der Nuecht op e Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, hunn an der Nuecht op e Samschdeg 2 Autoe gebrannt. Gedämpt hat et iwwerdeems an enger Kichen.
© RTL Archivbild

Kuerz no 23 Auer hat op der Diddelenger Autobunn op der Héicht Beetebuerg-Léiweng ee Won Feier gefaang. Hei waren d'Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg op der Plaz.

Géint 00.50 Auer huet zu Bouneweg an der Rue du Verger nach e Gefier gebrannt. D'Pompjeeën aus der Stad waren do am Asaz.

Géint 4.30 Auer gouf nach Damp an enger Kichen zu Diddeleng an der Rue Tattenberg gemellt. D'Pompjeeë vun Diddeleng waren alarméiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO