
An der Rue de l'Industrie hate béid Männer sech fir d'éischt verbal attackéiert, ier se sech ugefaang hunn ze zerklappen. Ee vun hinnen huet säi Kontrahent um Hals geholl an en an d'Hecke gestouss. D'Affer huet sech gewiert an huet dem Ugräifer eng op de Bak ginn.
Duerno eréischt gouf d'Police informéiert an eng Plainte deposéiert.